Internetstuff Surfsp@ce
D’Internetstuff Surfsp@ce wëll de Leit d‘Méiglechkeet bidde fir zu engem erschwéngleche Präis e Computer kënnen ze benotzen an u Formatiounen deelzehuelen.
D‘Internetstuff Surfsp@ce ass an 2 Beräicher agedeelt :
- En ëffentleche Beraïch mat 7 PCen, deen dem Public zur Verfügung steet an e schnellen Zougang zum World Wide Web erméiglecht.Op dëse PCe kann een och Dokumenter erstellen an erausdrécken oder Maile schécken.
- Déi verschidde Coursë ginn am Formatiounssall ofgehalen, dee mat 8 Computeren an engem Beamer equipéiert ass.
Weider Déngschtleeschtunge vum Surfsp@ce sinn:
- Faarweg a schwaarz/wäiss kopéieren an de Formater A5 bis A3
- Verschécke vu Fax-Noriichten
- Brenne vu CDen an DVDen
- Scannen
- Associatiounen a Firmae kënnen de Formatiounssall och fir betribsintern Fortbildungscoursë lounen.
ËFFNUNGSZÄITEN
Méindes bis freides 9:00 bis 17:00
UGEBUEDE COURSEN
PRÄISLËSCHT SURFSP@CE
INFORMATIKCOURSEN
Internetstuff Surfsp@ce
23, Grand-Rue
L-4575 Differdange
Tel: 26 58 47 1
Fax: 26 58 47 47
surfspace@cigl.differdange.lu