GEMEINSAM PLANZAKTIOUN ZU UEWERKUER

Den 2. Abrëll hate Schüler, Elteren an Enseignanten aus der Prënz Henri –Schoul sech mat Gemengegäertner a Cigl-Mataarbechter zesummefonnt fir Hand an Hand 27 Uebstbeem um Terrain ënnerhalb der Uewerkuerer Kierch ze planzen. Jiddereen huet säi Bescht gi fir dëst Stéck zukünfteg Weed fir eis Soay-Schof hirzeriichten. An enger gemittlecher, frëndschaftlecher Atmosphär gouf als Ofschloss zesummen ze Mëtteg giess.