Formatiounen

De CIGL bitt senge Mataarbechter eng grouss Zuel u Fortbildungsméiglechkeeten un.

Dozou gehéieren ënner Anerem den Ëmgang mat der Motorsee oder dem Freischneider, Éischt-Hëllefs-Coursen, Sécherheet op der Aarbechtsplaz, Sprooche-Coursen oder Strategië fir eng Aarbecht ze fannen.

Doriwwer eraus gëtt all Mataarbechter no senge perséinleche Formatiounsbedierfnësser gefrot, deenen dann esou wäit wéi méiglech Rechnung gedroe gëtt.

D‘Engagement beim CIGL huet als fest Zil de Mataarbechter eng präzis an nëtzlech Formatioun ze vermëttelen, déi hinnen duerno d’Dier opmécht fir eng Plaz oder erëm eng Plaz um Aarbechtsmaart dobaussen ze fannen.