WËLLKOMM OP DER INTERNETSÄIT VUM CIGL DIFFERDANGE!

De CIGL Differdange ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi 1998 gegrënnt gouf. Si gëtt vun engem Verwaltungsrot, deen aus 13 éierenamtleche Membere besteet, geleet.

Zur Zäit schaffen 78 Leit mat engem befrëstete Kontrakt an 23 festugestallte Leit beim Cigl Differdéing. Durch d’Schafung vun Arbechtsplazen kënne Leit di eng Arbecht sichen ënnerstëtzt an duerch Formatioune weiderbruecht ginn.

A fënnefanzwanzeg Joer goufe 77.765,60 Stonne Formatioun a  70 Stage fir Leit aus dem Cigl Déifferdeng organiséiert,  , 199 Mataarbechter hun eng fest Plaz um éischten Arbechtsmarché fonnt. De CIGL Déifferdeng ass vun engem festugestallten a 5 Leit mat engem befrëstete Kontrakt am Joer 1998 op haut 23 festugestallte Matarbechter an 78 Leit mat engem befrëstete Kontrakt gewuess a betreit mëttlerweil méi ewi 130 Arbechtssichender iwwert e Joër.

Mat der Ëmsetzung vu Projeten an der Bereetstellung a Schafung vun Aarbechtsplazen, déi der Allgemengheet déngen, realiséiert de CIGL folgend Ziler:

  • Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun der Bierger, duerch d’Déngschtleeschtunge vun der Equipe Proximitéit « Déifferdenger Atelier », déi realiséiert Projete vun de Servicer Environnement, Mines an Naturschoul Lasauvage.
  • Ënnerstëtzung vun der Kreeslafwirtschaft duerch d’Angeboter vum Okkasiounsbuttik, dem Secondhandbuttek fir Kanner Butzebuttik an dem Secondhandbuttek Vëlosbuttik.
  • Sozial Verbindungen erëm hierstellen duerch nei geschafen Treffpunkten op Spill-, Sport-, oder Naturplazen an duerch, vun ëffentlecher Stell gefuerdert, Erwuessenebildungsangeboter.
  • Bereetstellung vun Aarbechtsplaze fir Leit ouni Beschäftegung, där hir perséinlech a berufflech Entwécklung duerch entspriechend Weiderbildungsprogrammer, an Zesummenaarbecht mam Aarbechtsministère an der Gemeng Déifferdeng, gefërdert ginn
  • Schafe vun neien Aarbechtsplazen zur nohalteger, lokaler Entwécklung duerch Ëmsetze vun neie Projetsiddien.
  • Opwäertung vum kulturelle Patrimoine, duerch d’Sanéierung an den Ënnerhalt vu Kulturgidder op dem Gebitt vun der Gemeng Déifferdeng.
  • Déngschtleeschtungen un der Persoun an der Gemeinschaft, duerch d’Angeboter vun de Servicer “Déifferdinger Atelier”,  Okkasiounsbuttik, Butzebuttik a Vëlosbuttik.