AUTEUR VUN DER WEBSÄIT

Dës Websäit gouf zesummegestallt vum Centre d’Initiative et de Gestion Local Differdange a.s.b.l.. Hutt Dir allgemeng Froen derzou oder speziell zu hirem Inhalt, gitt w.e.g. op d’Kontaktsäit kucken, wou Dir all nëtzlech Informatioune fannt.

JURISTESCH ASPEKTER

cigl-differdange.lu ass eng vum CIGL Déifferdeng (am Folgende CIGL genannt) ugebuede Websäit, mat dem Zil, den Notzer en einfachen Zougang zu Informatiounen iwwer seng Aktivitéiten ze verschafen.

D’Zil besteet doranner, richteg an aktuell Informatiounen ze verbreeden; de CIGL kann awer, trotz aller Suerg a Méi, eenzel Iertemer net ganz auszeschléissen. An deem Fall suergt de CIGL fir eng méiglechst schnell Rektifikatioun.

Keng vun deenen op der Websäit cigl-differdange.lu verëffentlecht Informatiounen erhieft Usproch op Vollstännegkeet. Déi allgemengverständlech Duerstellungen an Iwwersetzungen hunn e reng informative Charakter. Lückenhaft, inexakt oder net aktualiséiert Donnéeë kënne virkommen.

Eenzel Linken op dëser Internetsäit féieren zu externe Websäiten. De CIGL huet guer keen Afloss op d’Gestaltung an den Inhalt vun deene Säiten a iwwerhëllt keng Haftung fir déi verlinkte Websäiten.

De CIGL kann net fir Schied haftbar gemaach ginn, déi dem Notzer, direkt oder indirekt, am Zesummenhang mat senger Navigatioun op der Internetsäit cigl-differdange. lu entstane sinn.

Dës Haftungsauschlossklausel soll awer net hinzilen op eng Aschränkung vun der Responsabilitéit géintiwwer de Bestëmmunge vum internationale Recht oder op de Versuch di gesetzlech Direktiven z’ëmgoen.

COPYRIGHT

© Centre d’Initiative et de Gestion Local Differdange a.s.b.l

Et ass erlaabt déi op der Websäit verëffentlecht Informatiounen ze kopéieren an ze vervillfältege mat klorer Angab vun der Quell an nëmmen zu netkommerziellen Zwecker.