• Service Proximitéit

    D’Team vum Service Proximitéit ass dorop ausgeriicht, Leit vu 60 Joer un oder Matbierger, déi op Hëllef ugewise sinn, aus der Gemeng Déifferdeng, mat klengeren Aarbechten an hirem a ronderëm hirem Haus ze ënnerstëtzen.

    Weiderliesen
  • Service Ëmwelt

    D’Ëmweltteam setzt déi vum CIGL ausgeschafften a vun der Gemeng gestëmmten a gedroe Projeten ëm. Dëse Service befaasst sech ënner anerem mam Ariichte vun ökologesche Spillplazen, d´Renovatioun vun ëffentleche Plazen an Trapen, , den Ënnerhalt vun Denkmaler oder historesche Plazen, an ënnerstëtzt och bei Bedarf de Service Proximitéit …D’Ëmweltteam erleedegt seng Aufgab dat ganzt Joer iwwer, an enkem Kontakt esouwuel mat dem techneschen ewéi mam ökologesche Service vun der Gemeng.

    Weiderliesen
  • Service Naturschoul Lasauvage

    De Service Naturschoul Lasauvage gouf am Joer 2003 agefouert. An enker Zesummenaarbecht mat der Schoul entstinn ëmmer erëm nei Projekter. D’Léierpersonal esou wéi d’Schoulkanner an d‘Aarbechter vum CIGL këmmeren sech ëm den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen.Interesséiert Bierger kënnen sech de Schoulgaart mat sengem Weier, der Schoofspärch an de Geméisbeeter ukucke goen.E Léierpad luet zu engem besënnlechen Trëppeltour an.

    Weiderliesen
  • Service Projet Mines

    Dëse Projet huet zum Zil en etlech bemierkenswäert Galerienagäng hei zu Déifferdeng astand ze setzen, erëm zougänglech ze maachen an duerch e Wander- a Vëloswee mateneen ze verbannen.Esou sollen dës historesch Témoignagen, déi vun engem bléienden Erzofbau erzielen, erhale bleiwen.

    Weiderliesen
  • Okkasiounsbuttik

    Den Okkasiounsbuttik huet als Aufgab gebrauchte Miwwelstécker zu engem neie Liewen ze erwächen an ass zugläich en nohaltegen a kreative Projet. Den Okkasiounsbuttik sammelt gebrauchte Miwwelstécker a guddem Zoustand. D’Miwwelspende ginn an eisem Atelier am Arsenal 1535oC zu Déifferdeng erëm a Stand gesat. Uschléissend gi se erëm fir e weidere Gebrauch verwäert oder si erliewen eng kreativ Neigestaltung ganz am Sënn vum Recycling Art.

    Weiderliesen
  • Diffwäsch

    An de Raimlechkeete vum Wäschsalon gi Maschinne fir d'Wäsch an d'Dréchne vun Textilien zur Verfügung gestallt. Déi professionell Wäschmaschinnen an Trockner entspriechen duerch hir niddereg Energie- a Waasserverbrauchwäerter dem neiste Standard. D'Wäschmaschinne gi mat ëmweltfrëndleche Wäschmëttele bedriwwen. De Projet begräift och e Service vir d’Ofhuelen, d'Wäschen an d’Liwweren, fir Privatpersounen, Veräiner a fir aner Organisatiounen. E Streckservice vervollstännegt d'Offer.

    Weiderliesen
  • Vëlosbuttik

    Am Vëlosbuttik ginn Okkasiounsgefierer verkaaft, méi kleng Reparaturen duerchgefuert a verschidde Formatiounen ugebueden: Vëlofueren fir Grouss a Kleng / Wéi reparéieren ech mäi Gefier? / Sécherheet am Stroosseverkéier.

    Weiderliesen
  • Butzebuttik

    De Butzebuttik ass e Secondhandbuttek fir Kannerkleedung, Spillsaachen an Accessoiren fir Kanner vun 0 bis 12 Joer. Eist Zil ass et, déi nohalteg Notzung vu Konsumgidder ze fërderen an doduerch zu der Entwécklung vun der Kreeslafwirtschaft bäizedroen.

    Weiderliesen