Projet Minièresbunn

Zanter 2014 schafft de Service Projet Mines zesumme mat der Organisatioun ,,Minièresbunn‘‘.

Den Atelier vun der Equipe steet um Site vun der Minièresbunn zu Lasauvage.

Eis Mataarbechter ënnerstëtzen d’Membere vun der Associatioun beim Opriichte vun neien Uewerleitungsstäiler, beim Ausbau vun der Streck Lasauvage-Lasauvager Kierch a beim Ëmbau vun de Gleisanlagen zu Lasauvage an am ,,Doihl‘‘.

Si restauréieren och di al Buggien, sträichen d’Persouneween nei un, installéieren elektresch Kabelen an der Galerie an halen di fräi Anlagen an d’Strecken an der Rei.