VËLOSSCHOUL

De Projet Vëlosschoul riicht sech un d’Schüler vun der Spill- a Grondschoul. Um Terrain, mat Verkéiersgaart,  kënnen d‘Kanner praktesche Fuerunterrecht kréien an op der Mountainbikespist mat Spill- an Aussiichtsplaz trainéieren a sech austoben.
Am Formatiounshaus ass Plaz fir den theoreteschen Unterrecht an och fir e klenge Vëlosatelier, dee vun de Mataarbechter vum CIGL Differdange bedriwwe gëtt.
Hei ginn d’Sécherheetskontrollen un de Vëloen duerchgefouert, och kleng Reparaturaarbechte virgeholl.
An der Ëmgéigend vun der Vëlosschoul ginn et Vëlospisten, déi och fir den Unterrecht zur Verfügung stinn. Ausserhalb vun der Präsenz vun de Schoulklassen ass de Site natierlech fir d’Ëffentlechkeet zougänglech.