Den Ausbau vum Naturentdeckungspad Crosnière

De Pad, deen zanter 2009 besteet, ass dëst Joer vun de CIGL- Equippen ausgebaut an erweidert ginn.

Den Naturweier, dee vum alen Nopeschstollen an de Quellen op der Plaz gespeist gëtt, ass elo iwwer e Stee zougänglech ginn. En neie Pavillon aus Holz a verschidde Plattforme lueden d’Schoulkanner an, d’Déierewelt ze beobachten. D’Weeër ronderëm de Weier si mat Naturmaterialien ausgeluecht an un dat existent Netz ugeschloss ginn. Den Agang vun der Minn ass restauréiert an an de Circuit mat agebonne ginn. Dëse wonnerschéinen Naturentdeckungspad iwwerrascht deen Interesséierten zousätzlech nach mat flotten Déierepiktogramme laanscht de Wee.

Informatiounspanneaue liwwere Renseignementer iwwert d’Déierewelt, d’Geologie, d’Geschicht an d’Natur. D’Kaart mam Trëppeltour iwwert den  Naturentdeckungspad ass gratis bei der Gemeng Déifferdeng oder beim CIGL Déifferdeng erhältlech.