D’Minn “Hondsbësch”

Zanter der Schléissung vun der Déifferdenger Grouf ,,Thillebierg’’ am Joer 1981, gehéiert de Lëtzebuerger Biergbau definitiv der Geschicht un. Mä d’Erënnerung un dësen denkbar wichtegen Deel vun eiser Vergaangenheet lieft weider.

Esou goufen am Joer 2012 di zwee Agäng vun der Nidderkuerer Minn ,,Hondsbësch‘‘ erëm fräigeluecht a restauréiert, dat vun eiser Equipe vum Service Projet Mines.

Zur offizieller Aweiung haten sech eng sëllech Invitéiert afonnt, ënner hinnen den Här Aarbechtsminister Nicolas Schmit.