D’Minn Lasauvager Weier

Et handelt sech ëm d’Galerie no beim Léierpad a beim klenge Weier.

De Service Projet Mines huet sech zum Zil gesat verschiddener vun deene remarkabelsten ale Stollenagäng um Déifferdenger Bann ze renovéieren an erëm zougänglech ze maachen.

De Projet gouf am Summer 2010 an d’Liewe geruff mat der Restauratioun vun der Minn Hondsbësch zu Nidderkuer. Et ass virgesinn déi verschidde Stollenagäng duerch e Spadséier- a Vëloswee, mol méi liicht, mol méi schwéier, mateneen ze verbannen.

De Projet gesaït sech an enger Linn mat deemjéinege vun den Erzstolle Grôven, Projet, deen och nach haut an de Programm mat agebonnen ass, a wëll de Gedanken un dee glorräichen Déifferdenger Biergbau lieweg halen.