Waassergaart

De Waassergaart gouf a sechs Méint vun den Equippe vum Service Naturschoul Lasauvage, vum Service Projet Mines  a vum Service Ëmwelt vum CIGL Differdange , an Zesummenaarbecht mat verschiddene Servicer vun der Gemeng Déifferdeng, realiséiert.
De Waassergaart ass eng weider Offer am Schoulgaart vun der Naturschoul Lasauvage an ergänzt niewent den Angeboter Soay Schof, Beiestand, Geméis- Uebst- a Kraidergaart,an Naturweier,  d’Offer fir Schoulklassen a Visiteure vum Gaart.
Déi fréier fir d’Frellenzuucht benotzte Waasserbasenge goufen zu Naturbasengen ëmgewandelt. An dësem Deel vum Gaart goufen Uebstbeem geplanzt an de ganze Site gouf als gréngen Espace ugeluecht. Den Hang, aus deem Quellewaasser fléisst, gouf mat enger Holzpalissad nei ofgestäipt a verschéinert. D‘Quellewaasser fléisst elo a verschidde kleng Naturweieren a Biotope mat Bordüren aus Sandsteen. Si si fir d’Visiteuren iwwert nei amenagéiert Passerellen a Brécken erreechbar.
Och an dësem Deel vum Gaart goufen entspriechend der Konfiguratioun vum Buedem, Planze gesat.
Weider Aarbechte waren de Bau vun enger Trap aus Steen, déi vum Gaart zur Crosnière féiert, an d’Botz vun der Baach am Beräich vum gesamte Schoulgaart.
Mam Bau vun engem neien Holzchalet um Terrain vum ale Beiestand kritt d’Léierpersonal Plaz fir Gaardegeschir an de prakteschen Unterrecht mat de Schüler.
Den Ënnerhalt vum Schoulgaart gëtt vum Service Naturschoul vum CIGL Differdange an den Enseignantë vun der Naturschoul Lasauvage duerchgeféiert.