DE VERWALTUNGSROT VUM CIGL DÉIFFERDENG ASBL
De Lokalen Initiativ- a Verwaltungszentrum Déifferdeng (CIGL) ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck ënner der Leedung vun engem Verwaltungsrot vun zur Zäit 13 Memberen.
D’Madamm Marie-Jeanne Leblond ass Presidentin an d’Madamm Elke Peterhänsel Vizepresidentin vum CIGL Differdange. D’Sekretariat gëtt gefuert vum Här Roland Scheuer, Tresorier ass den Här Jean-Paul Reuter. Do derzou gehéieren dëssweideren als Bäisëtznde d’Madame Christiane Brassel-Rausch an den Här Norbert Ginepri, an d´Membere Robert Berg, Sacha Breuer, Jean-Marie Mousel, Robert Mangen, Mario Pinto, Catia Pereira a René Wampach.
Obwuel d’Membere vum Verwaltungsrot aus esou verschidde Beraïcher wéi der Politik, der Gewerkschaftsbewegung, der Sozialaarbecht, dem Veräinsliewen an anerer méi hirkommen, hu si dach eent an datselwecht Zil vrun Aen: den Déifferdenger Bierger qualitativ héichwerteg Servicer an Déngschtleeschtungen z’offréieren an de Leit op Sich no Aarbecht eng Beschäftegung unzebidden. D´Engagement vun de Verwaltungsrotmemberen ass reng éierenamtlech.
De Verwaltungsrot huet d’Responsabilitéit iwwer eng Equipe vun 24 fest ugestallte Mataarbechter(innen), deenen d’Administratioun, d´Organisatioun an d’Surveillance vun den Aarbechten a Chantercher obläit, an iwwer déi momentan 79 Ugestallten, déi ënner engem befristete Vertrag bis maximal 2 Joer engagéiert sinn. D’Haaptzil vum CIGL ass et dëss Leit erëm an de primären Aarbechtsmaart anzeglidderen.
Jean-Paul Reuter
Tresorier
-
Presidentin Marie-Jeanne Leblond
-
Vizepresidentin Elke Peterhänsel
-
Sekretär Roland Scheuer
-
Tresorier Jean-Paul Reuter
-
Bäisëtzer Norbert Ginepri
-
Bäisëtzende Christiane Brassel-Rausch
-
Member Robert Berg
-
Member Sacha Breuer
-
Member Robert Mangen
-
Member Jean-Marie Mousel
-
Member Catia Pereira
-
Member Mario Pinto
-
Member René Wampach