DE VERWALTUNGSROT VUM CIGL DÉIFFERDENG ASBL

De Lokalen Initiativ- a Verwaltungszentrum Déifferdeng (CIGL) ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck ënner der Leedung vun engem Verwaltungsrot vun zur Zäit 12 Memberen.

D’Madamm Marie-Jeanne Leblond ass Presidentin an d’Madamm Elke Peterhänsel Vizepresidentin vum CIGL Differdange. D’Sekretariat gëtt gefuert vum Här Roland Scheuer, Tresorier ass den Här Jean-Paul Reuter. Do derzou gehéieren dëssweideren den Här Norbert Ginepri als Bäisëtzer an d’Mme Carole Hesse als Bäisëtzerin an d´Membere Robert Berg, Jean-Marie Mousel, Robert Mangen, Mario Pinto, Catia Pereira a René Wampach.

Obwuel d’Membere vum Verwaltungsrot aus esou verschidde Beraïcher wéi der Politik, der Gewerkschaftsbewegung, der Sozialaarbecht, dem Veräinsliewen an anerer méi hirkommen, hu si dach eent an datselwecht Zil vrun Aen: den Déifferdenger Bierger qualitativ héichwerteg Servicer an Déngschtleeschtungen z’offréieren an de Leit op Sich no Aarbecht eng Beschäftegung unzebidden. D´Engagement vun de Verwaltungsrotmemberen ass reng éierenamtlech.

De Verwaltungsrot huet d’Responsabilitéit iwwer eng Equipe vun 22 fest ugestallte Mataarbechter(innen), deenen d’Administratioun, d´Organisatioun an d’Surveillance vun den Aarbechten a Chantercher obläit, an iwwer déi momentan 78 Ugestallten, déi ënner engem befristete Vertrag bis maximal 2 Joer engagéiert sinn. D’Haaptzil vum CIGL ass et dëss Leit erëm an de primären Aarbechtsmaart anzeglidderen.

Jean-Paul Reuter
Tresorier

  • Presidentin Marie-Jeanne Leblond

  • Vizepresidentin Elke Peterhänsel

  • Sekretär Roland Scheuer

  • Tresorier Jean-Paul Reuter

  • Bäisëtzer Norbert Ginepri

  • Bäisëtzerin Carole Hesse

  • Member Robert Berg

  • Member Robert Mangen

  • Member Jean-Marie Mousel

  • Member Catia Pereira

  • Member Mario Pinto

  • Member René Wampach

  • Member Christiane Brassel-Rausch