WÉI FUNKTIONÉIERT DE CIGL ?

D’Ziler vum CIGL

De Verwaltungsrot an d’Mataarbechter vum CIGL hu sech zum Zil gesat zur Liewensqualitéit vun hire Matbierger bäizedroen an d’sozial Interaktioun ze verbesseren oder erëm hierzestellen.
Duerch d’Schafen an d’Ubidde vun Aarbechtsplaze wëlle si de Leit ouni Aarbecht hëllefen an hir Situatioun verbesseren.
Duerch d’Opwäerte vun eisem kulturelle Patrimoine an duerch Déngschtleeschtunge vis –à-vis vum Eenzelnen an der Allgemengheet wëll de CIGL sech aktiv un der Liewensqualitéit vun den Déifferdenger Matbierger bedeelegen.

De Verwaltungsrot vum CIGL

De Verwaltungsrot besteet aus 13 éierenamtleche Mataarbechter aus der Zivilgesellschaft, der Politik an der Gewerkschaftszeen.
Si versammele sech regelméisseg fir déi grondsätzlech Decisiounen ze huelen an der ganzer Equipe hir kompetent Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen.

D’Partner vum CIGL

De CIGL huet eng Konventioun ënnerschriwwe mam Ministère du Travail, de l’Emploi et de l’Economie sociale, eng zweet mat der Gemengeverwaltung vun Déifferdeng.
E weidere Partner besteet an der Agence pour le développement de l’emploi (ADEM).
Leit op Sich no Aarbecht, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, ginn op hir Nofro hin a jee no hirem Profil un de CIGL weidervermëttelt.