DE VËLOSBUTTIK

De Vëlosbuttik ass op méindes bis freides an dat vun 10.00 bis 18.00 Auer, samschdes vun 9.00 bis 17.00 Auer.

D’Geschäft verkeeft gebrauchten awer nach gutt erhale Vëloen, Trottinetten, Skateboards, Lafrieder, Kickboards an Inlineskates, dozou di néideg Accessoiren a Sportskleedung aus zweeter Hand.

D’Grondphilosophie vum Vëlosbuttik ass déi vun der Kreesslaf-Ökonomie a vum nohaltege Konsum.

Dofir komme mir bei d’Awunner aus dem Süden vum Land, déi gär e Vëlo oder anert Gefiert spende géifen, dëst ouni  Onkäschte bei si heem sichen.

Dir kënnt awer iwwer de Vëlosbuttik Äert Gefier och verkafen, andeems der et hei ausstellt an eng Kommissioun fir d’ufalend Onkäschte bezuelt. A besonnesche Fäll kann de Vëlosbuttik Äert Gefier och selwer  ofkafen.

Am Atelier vum Vëlosbuttik kënnt Dir äert Zweerad desweideren engem Sécherheetscheck ënnerzéien an och reparéiere loossen. Heizou bidde mir eiser Kondschaft aus de Gemengen Déifferdeng, Suessem, Käerjeng a Péiteng un, hiert Gefier heem sichen ze kommen an et och nees zréck ze bréngen, woubei natiirlech Transportkäschten ufalen.

Interesséiert Fuerer kënnen an entspriechende Coursen (z.B. Bike-Check / Bike-Ënnerhalt) am Atelier vum Vëlosbuttik léieren hir Maschinn selwer ze fleegen an ze reparéieren.

De Vëlosbuttik ass verbonne mat dem Projet Vëlosschoul, deen sech, niewend nach e puer weider Angeboter, un d’Schoulkanner aus dem Préscolaire a Primär riicht: Grondtechnik vum Vëlofueren, Sécherheet am Verkéier, MTB-Technik fir Ufänger, Geschécklechkeetstraining. Kanner an Erwuessener kënne matmaachen.

Am Verkéiersgaart uewen um Metzkimmert kënne si um prakteschen Unterrecht deelhuelen an derniewend, op der MTB-Piste (mat Spill- a Beobachtungsplaz), hir Technik trainéieren. Am Chalet gëtt den theoreteschen Deel ofgehalen,  an am Atelier kënnen op der Plaz kleng, noutwenneg Reparaturen direkt ausgeféiert ginn.

Vun hei aus fënnt een dann och direkten Uschloss un ausgewise Vëlosweeër, déi och fir den Unterrecht benotzt ginn. Wa keng Schoulklassen do sinn an ausserhalb vun de Vëloscoursen ass de Beräich fir all Leit op.

MIR BIDDEN IECH

  • Vëloen a guddem Zoustand, Trottinetten, Skateboarden, Lafrieder, Kickboarden an Inlineskates, do derniewt Accessoiren a Sportskleedung aus zweeter Hand
  • De Verkaf vun ärem Vëlo oder engem anere Gefier, woubäi Dir eng Kommissioun bezuelt.
  • Den Ofkaf vun ärem Zweerad oder engem anere Gefier
  • D’Ausléine vu Vëloen oder anere Gefierer
  • Sëcherheetskontroll a Reparatur vun ärer Maschinn
  • Ofhuel- a Récktransport vun ärem Zweerad fir eng Reparatur zum Onkäschtebäitrag vu 8€ TTC an der Gemeng Déifferdeng, 12€ TTC an de Gemenge Suessem, Käerjeng a Péiteng,  an de Kantone Capellen, Esch-sur-Alzette, Luxembourg a Remich 20€ TTC

EIS ANGEBOTER FIR ÄR FORMATIOUN

  • Vëlo fuere léieren fir Kleng a Grouss
  • Geschécklechkeetstraining fir Kleng a Grouss
  • Fueren am Stroosseverkéier fir Kanner an Erwuessener
  • Training vun der MTB-Technik fir Ufänger ab 16 Joer
  • Workshop: Wéi reparéieren ech mäi Vëlo selwer? – am Atelier vum Vëlosbuttik fir Jugendlecher an Erwuessener.

DE VËLOSBUTTIK

2, avenue Charlotte
L-4530 Déifferdeng

Tel.: +352 24 55 88 17
Fax.: +352 24 55 83 57
GSM.: +352 621 161 747

velosbuttik@cigl.differdange.lu
facebook.com/velosbuttik

Dënschdes-freides: 10.00-18.00 Auer
Samschdes: 9.00 – 17.00 Auer