SECONDHAND BUTTIK

Den Outflipp ass e Secondhand Buttik deen op der Iddi vun der Kreeslafwirtschaft baséiert a den Ëmgang mat nohaltege Konsumgidder fërdere wëll.

All d’Artikele sinn an engem ganz gudden Zoustand a gi virum Verkaf propper gemaach a kontrolléiert.

• Verkaf vu Kleeder am XS – XXXL,  Poschen, Rucksäck, Schung, Bijouen, Sonnebrëller, Krawatten, Mutzen, Kapen, Schaler a soss Accessoiren.

• Verkaf vu kreativen “Upcycling”Iddien, aus Second Hand Kleeder an Accessoire gemaach, wéi z. Bsp. Mutzen, Schaler, Poschen an Decken.

• Är Don-en huele mir wärend de normalen Ëffnungszäiten entgéint.
• Mir kommen d’Saachen nëmme siche wann et gréisser Quantitéite sinn
• Mir huelen nëmmen Elektrogeräter mat gëltegem EC-Sigel
• All Donateur kritt e Bon fir 10% Remise op sei Numm, deen e ka benotze fir bei eis anzekafen.
• D’Cliente bezuele boer oder mat Carte am Geschäft
• Et gi keng Remisë fir Studenten a mir huele keng Bon-e vum Office Social

OUTFLIPP

Secondhand Buttik
1schte Stack
18, Avenue Charlotte
L-4530 Déifferdeng
Telefon: +352 24 55 89 11
Email : outflipp@cigl.differdange.lu
www.cigl-differdange.lu

Ëffnungszäiten
Dënschdes bis Freides vun  10-18Auer

Samschdes vun 9-17Auer