Service Ëmwelt

D’Ëmweltteam setzt déi vum CIGL ausgeschafften a vun der Gemeng gestëmmten a gedroe Projeten ëm.

Fir e puer Beispiller ze nennen: d’Ariichte vun ökologesche Spillplazen, d´Renovatioun oder den Aménagement vun ëffentleche Plazen, Weeër oder och emol Trapen, den Ënnerhalt vun Denkmäler oder historesche Plazen,  d´Ënnerstëtzung vum Service proximité.

D’Ëmweltteam erleedegt seng Aufgab an enkem Kontakt esouwuel mat dem techneschen ewéi mam ökologesche Service vun der Gemeng.