Service Naturschoul Lasauvage

De Service Naturschoul Lasauvage gouf  am Joer 2003 agefouert.

An enker Zesummenaarbecht mat de Responsabele vun der Schoul an dem Léierpersonal entstinn ëmmer erëm nei Projekter, déi d’Schoulkanner hellewech begeeschteren. D’Aarbechter vum CIGL këmmeren sech ëm den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen.

Interesséiert Bierger kënnen sech de Schoulgaart mat sengem Weier, der Schofspärch an de Geméisbeeter ukucke goen.

E Léierpad luet zu engem besënnlechen Trëppeltour an.