BUTZEBUTTIK – SECONDHANDBUTTIK FIR DÉI KLENG

De Butzebuttik ass e Secondhandbuttek fir Kannersaachen, deen op der Iddi vun der Kreeslafwirtschaft baséiert. Mir wëllen déi nohalteg Notzung vu Konsumgidder fërderen.

MIR BIDDEN

– Kannerkleedung vun 0 bis 12 Joer
– Spillsaachen, Poppen, Kuscheldéieren, Bicher, CDen, asw.
– Accessoiren, Kannerkutschen, Autossëtzer fir Puppelcher a Kanner, asw.
– Kreativ Upcycling Iddien,  déi op der Plaz ëmgesat ginn

All eis Secondhandartikele sinn an engem gudden Zoustand a gi virum Verkaf, gebotzt a gepréift.

MIR SICHEN

– gutt erhale Kannerkleedung vun 0-12 Joer
– Kannerkutschen, Spillsaachen, Bicher, Accessoiren, asw.

Spende ginn am Butzebuttik ugeholl.

Eis Equipe steet fir all weider Informatioune gären zur Verfügung.

Secondhandbuttik fir déi Kleng

18, avenue Charlotte
L-4530 Differdange

Tel.: (+352) 24 55 89 11
butzebuttik@cigl.differdange.lu

Ëffnungszäiten
Dënschdes-freides:10:00 – 18:00 Auer
Samschdes: 9:00 – 17:00 Auer