oppassen! ab januar 2024 si mir méindes zou!!!

 

EISEN OKKASIOUNSBUTTIK – EN ZWEET LIEWE FIR GEBRAUCHTE MIWWEL

 

Okkasiounsbuttik Shop 

33, Avenue de la Liberté 

 L – 4601 Differdange

Op vu Dënschdes bis Freides vun 10 bis 18 Auer

a Samsdes vun 9 bis 17 Auer

Säit Mee 2013 bitt de CIGL Déifferdeng ee  Service un,  a Form vun engem grad esou nohaltege wéi kreative Projet.

Eist Team kënnt de Miwwel, deen Dir net méi braucht oder wëllt, gratis bei Iech heem sichen, wann Dir an engem vun de Kantone Capellen, Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg oder Réimech wunnt.

Uschléissend ginn di Stécker dann an eisem Atelier am Kreativzenter 1535°C zu Déifferdeng enger grëndlecher Renovatioun oder kreativer Transformatioun ënnerzunn an erwächen esou zu engem neie Liewen.

D’Resultater vun eiser mat Präzisioun, Kënnen a Léift duerchgeféierter Aarbecht kënnt Dir um Site www.okkasiounsbuttik.lu oder awer an eisem Buttek selwer am Zentrum vun Déifferdéng bewonneren.

Okkasiounsbuttik

OKKASIOUNSBUTTIK SHOP
33, Avenue de la Liberté
L-4601 DIFFERDANGE
Tel. : (+352) 24 55 96 04 oder gsm (+352) 621 390 719

Dënschdes – Freides : 10 :00 – 18 :00 Auer
Samsdes : 9 :00 – 17 :00 Auer